Mir siche fir d Internat Esch en Educateur gradué ( M/ W/ NB) am CDI (ab 1.9.2026) mat 32 Stonnen/ Woch
De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei deem Bildung, Kreativitéit an Nohaltegkeet vereent ginn. Formida Wunnen ass d’ Internat vum Centre Formida, wou Jonker am Alter vun 12 bis 18 Joer an engem geschützte Raum wunnen, léieren a wuessen. Hei ginn déi Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns d...