Mir siche fir de Berodungsdéngscht ( Familljenhaus Norden zu Dikrech) e Psycholog (m/w/d) am CDI mat 20-32 Stonnen/ Woch.
Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’ Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen. Dorënner, bitt de Berodungsdéngscht eng psychotherapeutesch Ënnerstëtzung fir Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener, Elteren a Fleegefamilljen, déi individuell oder familiär Problemer hunn, souwéi Diagnostik a Clearing.