Mir siche fir den CISP Movida zu Furen een Educateur diplomé ( M/ W/ NB) mat 30-35 Stonnen/ Woch am CDI
De Centre d’insertion socio-professionel ( CISP) Movida riicht sech u Jugendlecher, déi sech aus ganz ënnerschiddlechen Grënn am reguläre Schoulsystem net zurechtfannen a bei der Erfëllung vun der Schoulpflicht op eng intensiv sozialpädagogesch Ënnerstëtzung ugewise sinn. An eiser Dagesstruktur begleets du Jugendlecher am Alter vun 12 - 16 Joer unhand vun handlungsorientéierter Projetsaarbecht, mam Bléck op eng traumapädagogesch Virgoensweis.