Mir siche fir dagence dageselteren : Assistant social ( M/ W/ NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/ Woch
D’agence dageselteren ass e Service fir d’ Aus- a Weiderbildung vun Dageseltere, souwéi vu Persounen, déi dëse Beruff ausübe wëllen. DAgence ass gläichzäiteg eng Plaz fir Informatioun a professionell Ënnerstëtzung fir Dageselteren an Elteren. D’ Ziler vun der agence dageseltere sinn d’ Qualitéit vun der familiärer Kannerbetreiung ze verbesseren an d’ Vereenbarkeet vu Beruffs- a Familljeliewen ze fërderen.