Mir sichen fir de Petit Groupe Evoli zu Conter en Educateur diplômé ( M/ W/ NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/ Woch.
DKannerhaus Itzeg bitt Kanner a Jugendlecher e strukturéierten a stabele Liewensraum, an deem si am Alldag begleet ginn. Als Erzéier bass du Deel vun engem familiären, multidisziplinären Team a bass am Alldag vun de Kanner dobäi. Deng Roll besteet doran, si ze begleeden an hir perséinlech Entwécklung ze ënnerstëtzen. Et erwaart dech e strukturéiert, teamorientéiert a respektvollt Aarbechtsëmfeld, mat Raum fir Austausch a fachlech Weiderentwécklung.