Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Reisduerf
Educateur diplômé/Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Reisduerf
ARCUS asbl
Aktualisiert: 03.02.2026
Menningen
online seit dem 02.02.2026
ARCUS asbl
Beschreibung:
Mir siche fir d Maison Relais Reisduerf : Educateur diplômé oder Educateur gradué ( M/ W/ NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/ Woch
DMaison Relais Reisduerf bitt Plaz fir 180 Kanner an ass eng Betreiungsstruktur, déi Kanner an hiren Interessen an hirer Entwécklung ënnerstëtzt. Déi vill verschidde Funktiounsräim (z. B. kreativen Atelier, Medienraum, Rollenspillraum oder Holzwerkstatt) bitt eng ofwiesslungsräich Betreiung fir d Kanner. Als Erzeiher begleets an ënnerstëtz du d Kanner an hirem Léieren, baséiert op hiren Interessen, a schaafs Raum an der d Kanner hire Froen nogoe kënnen.